De Wee iwwert d’Bibel an den Himmel ("The Bible Way to Heaven" - Luxembourgish)

Video

May 13, 2015

D’Bibel ass ganz kloer, wat d’Erléisung ugeet. Et geet net drëms, wéi gutt s de dech behëlls. Vill

Leit denken, dass si sech ganz gutt behuelen an dass si an den Himmel komme wëll

si ganz gutt sinn, mee d’Bibel seet, ‘Si hunn all gesënnegt a gesinn net

d’Herrlechkeet Gottes.’ (Réimer :) D’Bibel seet, ‘Sou wéi et geschriwwe steet, ass kee gerecht,

net een eenzegen’ (Réimer :) Ech sinn net gerecht. Du bass net gerecht a wa mir duerch eis

Guttheet an den Himmel géife kommen, da géif kee vun eis dohikommen.

. Gëff zou, dass du ee Sündiger bass.

D’Bibel seet souguer an der Offenbarung : ‘Mee déi, déi fäerten an net gleewen, déi Béis

an d’Mäerder an d’Zauberer an d’Houerer an d’Götzenubieder, an all d’Ligner sollen all een

Deel si vum Séi dee vu Feier a Schwiefel brennt, wat den zweeten Doud ass.’ Ech

hu scho gelunn. Jiddereen huet scho gelunn, Mir hunn och all scho gesënnegt, a mir hu méi schlëmm Saache

gemeet wéi léien. Kucke mer d’Wourecht an d’An: Mir all verdéngen, an d’Hell ze kommen.

. Maach dir kloer, wat d’Strof ass fir deng Sënnen.

Mee d’Bibel seet, ‘Mee Gott beweist eis seng Léift zu eis a während mir nach

Sünder sinn, ass Christus fir eis gestuerwen.’ (Réimer :) Well Jesus Christus eis gär huet, ass hien

op dës Äerd komm. D’Bibel seet, dass hien d’Manifestatioun vu Gott a Fleesch a Blutt ass. Am Fong huet Gott eng mënschlech

Form ugeholl. Hien huet ee Liewen gefouert ouni ze sënnigen. Hien huet keng eng Sënn begaang an, natierlech, hu si hie geschlo,

op hie gespaut an hien un ee Kräiz geneelt. D’Bibel seet, dass, wéi hien un deem Kräiz houng,

hie selwer eis Sënnen a séngem eegene Kierper um Baam geopfert huet” ( Pierre :) All Sënn

déi s du jee begaang hues, an all Sënn déi ech jee begaang hunn - et ass wéi wa Jesus se begaang hätt. Hien

ass bestrooft gi fir eis Sënnen. Dunn hu si säi Kierper geholl, wéi hien doud war, an e

begruewen, a seng Séil ass erofgaang an d’Hell fir Deeg an Nuechten (Apostelgeschicht

:). Dräi Deeg méi spéit ass hien operstan vun den Doudegen. Hien ass sengen Apostelen erschéngt mat

Lächer an den Hänn. D’Bibel seet kloer, dass de Jesus fir jidderee gestuerwen ass. Si seet,

dass hien ‚net nëmme fir eis Sënne gestuerwen ass, mee och fir d’Sënne vun der ganzer Welt‘ (

Johannes :). Mee do gëtt et eppes, wat mir maache musse fir gerett ze ginn. D’Bibel stellt dës Fro

an der Apostelgeschicht , ‘Wat muss ech maache fir gerett ze ginn?‘ A si soen, ’Gleef un de Gott Jesus

Christus, an du an däin Haus solle gerett ginn.‘ Dat ass alles. Hien huet NET gesot, ‚Tried enger Kierch bäi,

an du wäers gerett ginn. Looss dech deefen, an du wäers gerett ginn. Lief ee gutt Liewen, an du wäers

gerett ginn. Berei all deng Sënnen, an du wäers gerett ginn‘, NEE. Hie sot ‘gleef.’

. Gleef, dass de Jesus gestuerwen, begruewen an operstan ass fir dech.

Souguer déi bekanntesten Zeil aus der ganzer Bibel, op déi bei ‘In and Out Burger’

ënnendrënner op hiren Tase verwise gëtt. Si ass ganz bekannt. Jiddereen huet dovun héieren: Johannes

:. ‘Gott huet d’Welt sou gär, dass hien säin eenzege Jong geopfert huet, fir dass jidereen,

deen un hie gleeft, net soll stierwen, mee éiweg liewen.’ An éiweg heescht

éiweg. Et bedeit éiweg, an de Jesus huet gesot, ‘Ech ginn hinnen éiwegt Liewen, a si

sollen ni stierwen, nach soll ee Mënsch si aus menger Hand erausrappen.’ (Johannes :)

An der Bibel steet bei Johannes :, ‘Wahrlech, wahrlech ech soen iech, deen, deen u mech gleeft huet

éiwegt Liewen.’ Wann s du also u Jesus Christus gleefs, hues du der Bibel no éiwegt

Liewen. Du wäers éiweg Liewen. Du kanns deng Erléisung net verléieren. Si ass éiweg, si hällt

éiweg. Wann s du bis gerett bass, wann s du bis un hie gleefs, bass du fir ëmmer gerett, an

egal wat geschitt, du kanns deng Erléisung net verléieren.

Souguer wann ech géif erausgoen an eng ganz schlëmm Sënn begoen, géif Gott mech zwar dofir op dëser Äerd bestrofen.

Wann ech haut géif erausgoen an een embréngen, géif Gott dofir suergen, dass ech géif bestrooft ginn, dass ech

an de Prisong géif kommen, oder méi schlëmm, d’Doudesstrof géif kréien. Dës Welt bestrooft mech zwar, a

Gott suergt dofir, dass ech souguer nach méi bestrooft ginn, mee ech kommen net an d’Hell. Et gëtt

näischt, wat ech ka maache fir an d’Hell ze komme wëll ech si gerett, a wann ech géif an d’Hell kommen, dann hätt Gott gelunn.

Wëll hien huet versprach, dass jiddereen, dee gleeft, d’éiwegt Liewe kritt an hien huet gesot ‘Jiddereen, dee

lieft an u mech gleeft soll nimools stierwen.’ Dofir ginn et vill Beispiller vu

Leit an der Bibel, déi e puer richteg schlëmm Saache gemeet hunn an et trotzdem bis an den Himmel gepackt hunn. Wéi? Well

si sou gutt waren? Nee, et ass well si un den Här Jesus Christus gegleeft hunn. Hir Sënnen

si verziehen. Aner Leit hunn eventuell ee bessert Liewe geliewt an der Welt hiren An, mee och wa si

sech wierklech besser an hirem Liewe beholl hunn, wa si net u Christus gleewen wäerte si

an d’Hell kommen a bestrooft gi fir hir Sënnen.

. Vertrau just op Christus als däi Retter.

Looss mech just nach mat dësem enge Gedanken ofschléissen: eng Saach, déi ech wëll kloerstellen an haut ervirhiewen, ass

eng Fro, déi de Jesus vun engem vu sengen Apostele gestallt kritt huet, an

dës Fro war déi heiten: ginn der just e puer gerett? Dat ass eng gutt Fro, oder?

Gëtt d’Majoritéit vun de Leit gerett? Oder ginn der just e puer gerett? Wien denkt, dass déi meeschte Leit an

den Himmel kommen - dass déi meescht Leit op dëser Welt an den Himmel kommen? Rot mol wat

d’Äntwert war: am Matthäus huet hie gesot ‘Géi duerch déi grouss Paart, well et ass eng breed

Paart a breed ass och de Wee, deen an d’Zerstéierung féiert, an et wäerten der vill sinn, déi

do eraginn wëll d’Paart ass schmuel a schmuel ass de Pad, dee bei d’Liewe féiert a wéineg Leit

wäerten dee Pad fannen.’ (Matthäus :-) Dunn ass hie weidergefuer a sot dat hei: ‘Net jiddereen,

deen Här, Här zu mir seet soll an d’Himmelsräich erakommen, mee deen, deen

nom Wëlle vu méngem Papp am Himmel agéiert. Vill wäerte mir deen Dag soen, Här, Här, hu mir

net an Dengem Numm gepredegt, an an Dengem Numm d’Däiwele verdriwwen, an an Dengem Numm vill

wonnerbar Aarbecht gemeet? An da wäert ech hinne soen, ech kennen dech net, géi weg

vu mir du Iwweltäter.‘ (Matthäus :-)

Fir d’éischt emol behaapt d’Majoritéit vun dëser Welt guer net, dass si u Jesus gleewen. Glécklecherweis

seet d’Majoritéit an dësem Grupp, dass si un de Jesus gleewen, mee d’Majoritéit vun der Welt seet,

si géifen net u Jesus gleewen. Mee Gott huet gewarnt dass souguer ënnert deenen, déi behaapten, dass si u

Jesus gleewen, souguer ënnert deenen, déi hien ‚Här‘ nennen, der vill zu him wäerte soen, ‘Mir hunn all

déi wonnerbar Aarbecht gemeet! Firwat gi mir nit gerett!’ Hie wäert soen, ‘Gitt weg vu mir, ech kennen

iech nit.’ Dat weist, dass d’Rettung net vun deem ofhänkt, wat ee mécht, a wann s du op däin eegent

Verhalen ziels fir gerett ze ginn, wann s du mengs, du géifs an den Himmel komme well s du gedeeft gi bass,

wann s du denks ‘Ech mengen, dass een e gutt Liewe soll liewen, ech mengen, et soll

een d’Geboter anhale fir gerett ze ginn, ech mengen, et soll een an d’Mass goen, ech mengen dass ee

seng Sënne beichte soll’ a wann s du op deng Aarbecht vertraus, da wäert Jesus dir

enges Dags soen: ‘Géi weg vu mir, ech kennen dech nit.’

Du muss all däi Glawen an dat leeë wat hie gemeet huet. Du muss däi Glawen an dat leeë wat de Jesus gemeet huet,

wéi hien um Kräiz fir dech gestuerwen ass, wéi hie begruewe ginn ass a rëm operstan ass. Dat ass däin Entréesbilljee an den

Himmel. Wann s du op aner Saache vertraus a wann s du sees ‘Ma ech kommen an den Himmel

well ech sou ee gudde Chrëscht sinn, a well ech all déi wonnerbar Saache maachen.’, da wäert Hien

dir soen ‘Géi weg vu mir’. Verhal dir wat hie sot ‘Géi weg vu mir, ech kennen dech net.’

Hien huet net gesot ‘Ech hunn dech fréier mol kannt’. Wann Hien dech kennt - erënner dech, ech hunn dat scho

virdrunn erwähnt - dann ass dat fir ëmmer an éiweg. Wann Hien dech bis eng Kéier kennt, bass du fir ëmmer gerett.

Hie wäert soen ‘Géi weg vu mir, ech kennen dech net’ Well wann s du an d’Hell kéins, dann

ass et, well Hien dech net kennt. Well wann hien dech bis kennt, da kennt Hien dech. Grad wéi meng Kanner

ëmmer wäerte meng Kanner sinn. Wann s du erëm gebuer gëss, wann s du säi Kand bass, da wäers

du ëmmer säi Kand sinn. Och wann s du dat schwaarzt Schof vun der Famill bass. Och wa Gott dir

schwéier Aufgaben op dëser Welt operleet. Du kanns däi ganzt Liewen hei ënne ruinéieren, mee

deng Rettung kanns du net vermasselen. Wanns du bis gerett bass, dann ass dat een ofgemaachten Deal. Dat ass

d’Haaptsaach, déi ech dir iwwert d’Endzäit wollt presentéieren a mir hunn nach e puer Minutten

fir Froen iwwert Erléisung oder iwwert d’Endzäit.

Léiwe Jesus, ech weess, dass ech ee Sünder sinn. Ech weess dass ech et verdéngt hunn, an d’Hell ze kommen.

Mee ech gleewen, dass Du um Kräiz fir mech gestuerwe bass an operstan bass. Rett mech wannechgelifft elo

a gëff mir d’éiwegt Liewen. Ech vertrauen nëmmen Dir, Jesus. Amen.

 

 

 

mouseover